Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
Hey !

Hei bass du richteg wann s du tëscht 15 an 30 Joer hues .

Service National de la Jeunesse Luxembourg

Fräiwëllegendéngscht

Mat engem Fräiwëllegendéngscht kanns du dech fir ee konkrete Projet vun allgemengem Interessi engagéieren. Et ass eng Méiglechkeet, duerch praktesch Erfarungen ze léieren an dech z orientéieren, bei där s du dech fir e bestëmmten Zäitraum vollzäit engagéiers.

Atelieren

An den Atelieren vum SNJ kanns du op kreativer Aart a Weis deng Motivatioun erëmfannen. Doriwwer eraus léiers du erëm Vertrauen an dech selwer ze kreéieren an e perséinlecht Zil ze definéieren, dat s du wärend denger Zäit am Atelier erreeche wëlls.

Stages de découverte

Du kanns dech net richteg entscheeden a wéi engem Beräich dass du spéider wëlls schaffen oder du brauchs einfach méi Informatiounen zu engem bestëmmte Beruff a bass interesséiert fir kuerz Zäit an eng Firma oder Organisatioun eran ze schnupperen?

Formatiounen

Eis Formatiounen bidden dir d‘Méiglechkeet dech an engem spezifesche Beräich weiderzebilden deen dengem Liewensprojet an denger Liewensphase entsprécht. Se kënnen also ganz hëllefräich si fir en Iwwergang am schoulesche Parcours, esou wéi och am private Liewen.

Agenda

Nieft eisen Info Sessiounen a Formatiounen zum Fräiwëllegendéngscht an aaneren Themen, si mir och op verschidde Foiren present ewéi z.B. d‘Studentefoire, fir eis Offere virzestellen. Zudeem organiséiere mir och all Joer d‘Infobourse "Deng Zukunft - Däi Wee" fir Jonker an hier Elteren.

Maison Eisenborn

D Iddie ass an enger internationaler Gemeinschaft ze wunnen déi gemeinsam Wäerter an Liewensraim deelt, déi engem erlaben un sengem perséinlechem Liewensprojet ze schaffen. Déi ideal Léisung wann s du keng Adresse zu Lëtzebuerg hues an awer zum Beispill am Ausland studéieren wëlls an ab und zu zeréck kommen wëlls.

Berodung & Begleedung

Méi infoen #

Hey !

Fann déi Projeten, déi dech am aktive Liewe virubréngen .

Hey! Du hues tëschent 15 an 30 Joer a weess am Moment net wierklech wéis du dir eng berufflech an/oder schoulesch Zukunft virstells oder bass onsécher op däin aktuelle Wee de richtege fir dech ass?

Keng Panik! Op dësem Site an an de lokalen Antennen vum Service national de la jeunesse (SNJ) kanns du vun enger individueller Berodung an Ënnerstëtzung bei denger Orientéierung profitéieren. Mir begleeden an ënnerstëtzen dech beim Ausschaffe vun denge berufflechen, schouleschen a perséinleche Projeten an du kanns un verschiddenen Offeren deelhuelen déi dir hëllefen deng Stäerkten kennen ze léieren a weider auszebauen.

NO BEIM JONKEN

Mir sinn do fir dech ze beroden a mir proposéieren dir:

  • e Bilan vun denger perséinlecher Situatioun;
  • eng Analys vun dengem schouleschen a professionellen Niveau;
  • mir zéien deng Liewensëmstänn a Betruecht;
  • wann néideg, en Dialog mat dengen Elteren oder Tuteuren;
  • wann néideg, brénge mir dech a Kontakt mat aneren Hëllefsservicer;
  • Informatiounen iwwer méiglech Optiounen.

Looss dech vun eise Mataarbechter iwwerall am Land beroden an ënnerstëtzen .

Klick op déi Stad, déi fir dech am beschte passt .

Luxembourg Map
Differdange
Dudelange
Esch/Alzette
Ettelbruck
Grevenmacher
Junglinster
Luxembourg
Mersch
Pétange
Redange/Attert
Wiltz
Title for Luxembourg map

An eisen Antennen kënne mir och zesummen un dengem perséinleche Projet schaffen fir zeréck an d’Aktivitéit. Mir bidden dir Folgendes un:

  • d’Ausschaffe vun dengem perséinleche Projet, wann s du zeréck an d’Schoul oder op den Aarbechtsmaart gees;
  • eng Léisung fir Inaktivitéit ze vermeiden, wann s du net direkt kanns zeréck an d’Schoul oder op d’Aarbecht goen;
  • d’Ausschaffe vun engem individuellen Aktiounsplang;
  • eng Begleedung fir deng Demarchë bei de Verwaltungen, de Lycéeën an all aner Servicer, déi dir kënnen hëllefen;
  • Rotschléi, wéi s du dech solls op denger neier Aarbechtsplaz oder an denger neier Schoul verhalen;
  • déi selwecht Persoun, déi dech wärend dem ganzen Iwwergang bis zu denger Integratioun an enger neier Struktur begleet.